
© EMMANUEL DUNAND / POOL / AFP
D’Verdeedegung- an Ausseminister vun 23 vun den 28 EU-Memberstaaten hunn sech haut zu Bréissel op zukünfteg militäresch gemeinsam Weeër gëeenegt.
D’Iddi hannert der sougenannter Permanent Structured Cooperation, kuerz PESCO, ass et eng europäesch Verdeedegung opzestellen. 15 Staaten hunn och scho 47 zum Deel ganz ambitionéiert Projete presentéiert. Déi vun engem europäesche Sanitätskommando, enger militärescher Schengenzone bis hin zu gemeinsamen europäeschen Unitéite ginn.

D’Deklaratioun gouf e Méindeg ënnerschriwwen.
Just Dänemark, Irland , Portugal, Malta a natierlech Groussbritannien hunn sech zréck gehalen a sinn net Deel vum Projet.