„Herr der Ringe“-SagaAmazon plangt Serie iwwer Virgeschicht

Wéi d'Amazon-Studios matdeelen wieren e puer Staffelen an e Spin-Off iwwer d'“Herr der Ringe“-Saga geplangt.

Leschten Update: 15.11.2017, 07:44:21

© flickr.com/Themeplus

Wéi Amazon matdeelt wäerten deem seng Studioen wuel d'Virgeschicht vun der „Herr der Ringe“-Saga verfilmen, dëst als TV-Serie. D'US-Entreprise hätt sech deemno d'Rechter un der Fantasy-Saga geséchert.





Et wieren enger Annonce vun den Amazon-Studios no direkt e puer Staffelen a méiglecherweis och e Spin-Off geplangt.

Fir d'Serie ze gesinn brauch een awer en Amazon-Prime-Account.