Russland-SkandalTrump Jr. stoung a Kontakt mat Wikileaks

3 Kommunikatiounen huet den Trump Jr. an deem Kader verëffentlecht. Sujet war ënnert anerem d'Sabotage vun den Demokraten während de Presidentiellen 2016.

Leschten Update: 15.11.2017, 09:34:46

© EDUARDO MUNOZ ALVAREZ / AFP

Am Skandal ëm eng méiglech Zesummenaarbecht tëscht dem Donald Trump sengem Wahlkampfteam a Russland während de Presidentiellen d’lescht Joer schéngt 'Affär an eng weider Ronn ze goen.

Wéi d’US-Magasinn The Atlantic mellt stoung den eelste Bouf vum Trump, den Donald Trump Jr., d’lescht an dëst Joer a Kontakt mat der Revelatiounsplattform. En Méindeg huet den Trump Junior dann d’Rumeure confirméiert an 3 Maile wou hien a Kontakt mam twitter-Account vu Wikileaks stoung publizéiert.



Wéi an de Mailen ervirgeet, huet Wikileaks dem Trump sengem Bouf e puer mol ugebueden him ze hëllefen. Dorënner fir en politeschen Aktiounskomitee en Faveur vum Donald Trump ze promouvéieren oder en Rapport ronderem den Email-Skandal vum Hillary Clinton ze kommentéieren.

Doriwwer eraus hat d’Revelatiounsplattform ugebueden d’Steiererklärung vum Trump geschéckt ze kréie fir se ze publizéieren an dem Trump Jr. geroden, datt den Trump am Fall vun enger Victoire vum Clinton 2016 sollt d’Resultat a Fro stellen.

D’Informatioun ass ëmsou méi brisant, well Wikileaks jo d'lescht joer eng bedeitend Roll beim Leak vu Maile vun den US-Demokraten gespillt hat, notamment vum Wahlkampfmanager vum Hillary Clinton, dem John Podesta. Verschidden Autoritéiten ginn bis haut dovun aus, datt Russland Wikileaks beim Besuerge vun den Dokumenter gehollef hat.