Zeienopruff2 Männer no mëssgléckten Abrochversich gesicht

D'Versich gouf et am Oktober an am November. All Informatioun ass fir d'Police vun der Porte de l'Ouest.

Leschten Update: 15.11.2017, 13:10:59

© Police

Am Kader vun 2 mëssgléckten Abrochversich Enn Oktober an Ufank November mécht d'Police en Zeienopruff a sicht no 2 Männer.

Béid Onéierlecher goufen op 2 Reprisë vun den Iwwerwaachungskamerae gefilmt. Déi éischte Kéier wéi ee vun hinnen Enn Oktober an eng Residence an der Rue du Chemin de Fer zu Péiteng an eng Garage agebrach war an eng aner Kéier, wéi dee selwecht Mann an ee Kompliz Ufank November zu Stroossen an der Rue Millewee versicht haten an en Haus anzebriechen.

© Eldoradio

A béide Fäll gouf näischt geklaut.

All Informatioun ass fir d’Police vun de Porte de l'Ouest ënnert dem 2443-5200