
© BRENDAN SMIALOWSKI / AFP
Well d'Juli Briskman aus den USA dem Donald Trump sengem Konvoi de Mëttelfanger gewisen hat, wéi dëse laanscht si gefuer war, hat dës hire Job verluer. D'Foto hat d'Ronn um World Wide Web gemaach, nodeems en Fotograf de Moment mat senger Kamera festgehalen hat.
Wou den Employeur vun enger Marketingfirma dat Ganzt net sou witzeg fonnt hunn, huet den Internet sech awer iwwert d’Aktioun gefreet an der Mamm vun 2 Kanner eng Crowdfundingkampagne mam Numm “Thank you Juli Briskman” arrangéiert.
72.000 Dollar koume bis ewell zesummen. An engem Interview sot d’Briskman, datt si et net géif bereien dem President op hir eegen Manéier d’Meenung gesot ze hunn.