La République en MarcheMéi wéi 100 Demissiounen beim Macron senger Partei

Iwwert 100 Memberen hunn an engem oppene Bréif hir Demissioun bei LREM argumentéiert.

Leschten Update: 15.11.2017, 11:40:27

© ETIENNE LAURENT / POOL / AFP

Iwwert 100 Membere vun der Partei La République en Marche (LREM) vum franséische President Emmanuel Macron hunn, wéi de franeische Radiosender franceinfo mellt, demissionéiert. De Gronnd fir d‘Decisoun sollen d’Arroganz, d’Aschüchterungsversich géigeniwwer engagéierte Mataarbechter an de Persounekult ronderem de franséische President sinn.

Am Bréif ass ze liesen, datt de Macron zanter deem hien un der Spëtzt vun der franséischer Regierung steet eng jett Prinzip verroden hätt a geheien der Partei "d'Herrschaft vun der Elite" an d'Arroganz vun den héije Memberen géigeniwwer der Basis vir.

Och de Prozess fir de Parteivirsëtzenden ze wiele wier inakzeptabel.

D’Nouvelle kennt dobäi just e puer Deeg virum Parteidag vum LREM deen e Samschde sollt ofgehale ginn.