
© AFP/Archives/Lionel BONAVENTURE
Den amerikanesche Fuerdéngscht-Service Uber soll eng Hacker-Attack bei där Donnéeë vun iwwer 50 Milliounen User geklaut goufen, ee Joer laang geheim gehalen hunn. Bei den Daten déi geklaut goufen, geet ëm Nimm, Email-Adressen an Telefonsnummere vu Clienten op der ganzer Welt. Et hätt een den Hacker 100.000 Dollar bezuelt, datt se déi geklauten Donnéeë läschen, esou heescht et.