Gare zu KlierfPersoun vun Zuch ugestouss

Den Zuchverkéier gouf kuerzzäiteg ënnerbrach, wéi et heescht soll et awer elo erëm rullen.

Leschten Update: 27.11.2017, 17:08:20

© ELDO

Wéi mir vun eisen Nolauschterer gemellt kruten koum et de Méindeg de Mueren zu verschiddene Behënnerunge vum Trafic op der Gare zu Klierf.

An deem Kontext deelt d'Police mat, dass do eng Persoun vum Zuch erfaasst gouf.

Wéi d'CFL donieft matdeelen misst den Zuchtrafic zanter ongeféiert 8.30 Auer erëm normal lafen.


Hei de Communiqué vun den CFL:

Suite à un incident survenu ce matin à Clervaux, la circulation ferroviaire est actuellement perturbée entre Clervaux et Kautenbach. Un bus de substitution assure le transfert entre Troisvierges et Ettelbrück et vice-versa. La reprise normale du trafic ferroviaire se fera à partir de 08h30.