Mat geklauter Kreditkaart Suen opgehuewenWie kënnt dës Persoun?

Nodeems ee Mann zu Beetebuerg an enger BCEE-Filial engem anere Mann d'Kreditkaart geklaut huet, sicht d'Police no Informatiounen iwwert den Täter.

Leschten Update: 28.11.2017, 14:54:03

© Police Grand-Ducale

De Mann op der Foto huet den 21.5.2016 tëscht 11h30 an 12h30 an der BCEE-Filiale zu Beetebuerg versicht, engem anere Mann d'Kreditkaart ze klauen, deen dat awer ze verhënnere wosst. Duerno koum ee weidert Affer an dës Kéier war et dem Täter gelongen deem seng Kreditkaart ze klauen. Hien hat uginn dem Mann hëllefen ze wëllen well de benotzten Bankomat anscheinend futti wier. Den Onbekannten huet mat der geklauter Kaart duerno eng gewëssen Zomm opgehuewen.

All Hiwäis ass fir d'Police vun Diddeleng (Tel: 24462200).