Live an der Lanxess-ArenaStefan Raab mécht 2018 säi Comeback

Dat awer net op der Telé, mä just Live zu Köln.

Leschten Update: 30.11.2017, 11:50:52

© PATRIK STOLLARZ / AFP

Den däitsche Late-Night-Host a Showgigant Stefan Raab wäert 2018 nees säi Retour op d'Bühn woen. Dat awer net fir d'Tele, respektiv op Pro7, mä just als Live Act an der Lanxess-Arena zu Köln. Den Datum gouf op den 18. Oktober d'nächst Joer gesat. 



Wéi den 51 Joer ale Raab an engem Teaser op der Facebook-Säit vu TV Total matdeelt, wäert een de Raab nëmmen zu Köln kënne gesinn. D'Konzept wäert dann e bëssi wéi seng Sendung op Pro7 opgebaut sinn. Also mat Live-Gäscht, witzege Monologer a musikalescher Ënnerstëtzung vun den HeavyTones.

De Raab hat Mëtt 2015 ugekënnegt seng Sendung TV Total op Äis ze leeën. Déi lescht Episode gouf de 16. Dezember 2015 diffuséiert.