EU-ParlamentSteet d'Zukunft vum Kebab op der Kipp?

De sougenannte Phosphat kéint dofir verantwortlech ginn, dass dem Kebab seng lescht Deeg gezielt sinn. Elo wëll een awer emol d'Tester ofwaarden.

Leschten Update: 03.12.2017, 08:54:37

© FRANK PERRY / AFP

Ufanks gouf zimlech séier geschoss, allerdéngs ass fir den Ament mol nach alles am grénge Beräich. Et geet hei konkret ëm e Stoff deen an de Kebab’en dran ass, nämlech de Phosphat. Deen ass eventuell schlecht fir d’Gesondheet, mee wier den Experten no onerlässlech fir déifgefruere Kebab'en um Spiiss hierzestellen. An praktesch all Imbiss, och zu Lëtzebuerg, gräift jo op déi gefruere Form zréck.

Vir de Moment préift d’Bréisseler Agence fir Liewensmëttelsécherheet Zousazstoffer déi dëse Phosphat enthalen. An hei ass eben och den Kebab opkomm, well och heiranner Phosphat wéi gesot drastécht.

Déi Gréng an d’Sozialisten am EU-Parlament goufe jo ufanks verdächtegt de Kebab wëllen dohier ze verbidden. Wéi awer elo kloer gestallt gouf, welle béid Parteien am EU-Parlament natierlech elo mol d’Resultater vun den Tester ofwaarden, an dat soll eréischt Enn 2018 de Fall sinn. 

Bis elo war et esou, dass Phosphat an der Tëschenproduktioun verbueden ass, allerdéngs ass et dono am Imbiss, wann et zerwéiert gëtt nees erlaabt. Do gesäit een erëm dass d’Rechtslag hei alles anescht wéi konsistent ass.

A genee dowéinst hat d’EU-Kommissioun proposéiert de Phosphat a béide Fäll einfach komplett legal ze maachen. Majo an hei haten sech d’Sozialisten an déi Gréng queesch gestallt a wollten dës Ännerung net matdroen. De Phosphat, dee Struktur vum Fleesch opléisst a méi papeg mëscht, soll hinnen no elo mol richteg ënnersicht ginn.

Eng Alternativ dozou géif et den Experten no iwwregens net ginn, obwuel natierlech elo kräfteg dono gesicht gëtt.