
© CHRISTOF STACHE / AFP
Nom Bommenalarm dëse Freideg Mëtteg um Chrëschtmaart zu Potsdam sicht d’Police no där Persoun, déi de Pak verschéckt hat. De Chrëschtmaart ass e Samschdeg iwwerdeems nees opgaangen. D’Sécherheetsmesuren goufen nach mol verschäerft.
Spezialisten vun der Police haten de Pak entschäerft. Aussoen vum Inneminister no wier awer keen Zünder fonnt ginn. Ee Liwwerdéngscht hat de Pak an enger Apdikt net wäit vum Chrëschtmaart ofginn. Wéi den däitschen Inneminister betount, wier et ze fréi, fir vu engem versichten Uschlag op de Chrëschtmaart ze schwätzen. De Pak hätt och kënnen den Apdikter viséiert hunn.
+++EIL+++ Die kontrollierte Entschärfung des verdächtigen Gegenstandes ist erfolgt! #potsdam #0112pdm
— PolizeiBrandenburg_E (@PolizeiBB_E) December 1, 2017