Kollisioun tëscht Tram an AutoAutomobilist war duerch rout gefuer

E Freideg den Owend gouf et um Kierchbierg eng Kollisioun tëscht engem Tram an engem Auto. Eng Persoun gouf blesséiert.

Leschten Update: 04.12.2017, 07:29:17

© eldo archive

Kuerz virun 22h00 gouf et e Freideg den Owend um Kierchbierg eng Kollisioun tëscht engem Tram an engem Auto. Een Automobilist dee vum Boulevard Konrad Adenauer a Richtung Avenue John F. Kennedy ënnerwee war, hat eng rout Luucht net respektéiert. Hien ass doropshin mat sengem Gefier frontal an e Waggon vum Tram gerannt. Dobäi gouf de Mann am Auto liicht verwonnt. Den Auto gouf staark beschiedegt. De Schued um Tram ass méi kleng.

Nieft der Police waren eng Ambulanz an den Interventiounszenter aus der Stad op der Plaz.

Vum 10. Dezember un fiert den Tram jo offiziell mat Passagéier, an enger éischter Phase vun der Luxexpo bis bei d’Rout Bréck. Elo scho mécht den Tram jo awer vill Testfaarten.