Groussasaz zu NidderkuerVideo vun der Explosioun

Bei deem Tëschefall gouf kee blesséiert, d'Nopeschhaiser an Autoen, déi an der Géigend stoungen, goufen awer deels schwéier beschiedegt.

Leschten Update: 06.12.2017, 09:38:37

© Police

Wéi d'Police mellt gouf et an der Nuecht op e Méindeg géint 00.30 Auer e Groussasaz zu Nidderkuer an der Rue de l'Acier. Wéi d'Rettungsdéngschter op d'Plaz komm sinn, hätten all d'Bewunner vum Gebai op der Strooss gestanen.




D'Pompjeeë vun Déifferdeng ware mat 7 Ween an 30 Mann op der Plaz. Während de Läschaarbechte koum et dunn direkt zu zwou Explosiounen, bei deenen en Deel vum Haus zesummegefall ass. Doropshin ass d'Plaz wäitleefeg ofgespaart ginn.

D'Nopeschhaiser an zwee Ween goufenduerch Deeler, déi ronderëm geflu sinn, deels schwéier beschiedegt.

Glécklecherweis gouf bei deem Tëschefall kee blesséiert. All d'Bewunner goufe vun der Gemengeverwaltung ënnerbruecht.

De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat der Enquête chargéiert.

Am Kader vun deem Brand sicht d'Police elo och no Zeien. All Informatiounen si fir d'Police vun Déifferdeng ënnert dem Telefon (+352) 244 535 01 an dem 113.