Policekontroll11 Chauffere goufe mat Summerpneuen erwëscht

An nëmmen 2 Stonne goufen 11 Persoune bei enger Kontroll erwëscht, déi nach keng Wanterpneuen op hirem Won hunn.

Leschten Update: 05.12.2017, 11:59:07

© Police

Bei enger Verkéierskontroll e Sonndeg de Mëtteg op der A3 huet d’Police virun allem kontrolléiert, op d’Wanterpneue mëttlerweil op den Autoe vun de Leit montéiert sinn.

An nëmmen 2 Stonnen hunn d’Beamte ronn 20 Automobiliste misste verwarnen: Bei 11 Gefierer waren d’Summerpneuen ëmmer nach drop, bei 2 Autoe konnten en d’Nummereschëld net méi liesen, 6 Persounen haten d’Pabeieren net an der Rei a bei engem Gefier waren d’Luuchten net an der Rei.

© FRANCOIS NASCIMBENI / AFP


D’Police erënnert an deem Kontext nach eemol drun, dass bei wanterleche Konditioune wéi mer se am Moment hunn, Wanterpneuen obligatoresch sinn.

Anescht muss ee mat enger Strof vu 74 Euro rechnen.

A 160 -34 vom 01.10.2012 : 74 €
Conduite, en cas de verglas, de neige tassée, de neige fondante, de plaques de glace ou de givre, d'un véhicule automoteur sur la voie publique sans pneus qui présentent, selon la catégorie de véhicule concernée, soit les caractéristiques décrites respectivement au point 2.2. du Règlement ECE N° 30 concernant les prescriptions uniformes relatives à l'homologation des pneumatiques pour automobiles et leurs remorques ou au point 2.2.3. du Règlement ECE No 54 concernant les prescriptions uniformes relatives à l'homologation des pneumatiques pour véhicules utilitaires et leurs remorques et qui comportent le marquage décrit au point 3.1.5. de ces mêmes Règlements (pneus M + S ou M. S.ou M & S), soit les caractéristiques décrites au point 2.11. du Règlement ECE No 117 concernant les prescriptions uniformes relatives à l'homologation des pneumatiques en ce qui concerne le bruit de roulement et l'adhérence sur sol mouillé et qui comportent le marquage décrit aux points 4.2.6. (M+S/M.S./M&S) ou 4.2.7 (*)