Am Alter vu 74 JoerDen Johnny Hallyday ass dout

De franséische Rocksänger hat a senger iwwer 50 Joer laanger Karriäre sou vill Gëllen a Sëlwer Placke kritt wéi kaum een anere franséische Museker.

Leschten Update: 07.12.2017, 07:11:52

© AFP/Archives/BERTRAND GUAY

De franséische Rockmuseker an Acteur Johnny Hallyday ass dout. Hien ass an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fra Laeticia der Noriichtenagence AFP matgedeelt. De bekannte Sänger hat Longekriibs.

A senger Karriäre huet hien ëmmer nees vu Blues op Soul oder Rock gewiesselt. A Frankräich war den Hallyday, dee mat richtegem Numm Jean-Philippe Smet geheescht huet, schonn zu Liefzäiten eng Legend. Iwwer 100 Millioune Placken konnt hie bis zum Schluss verkafen. Ëmmer nees hunn dës och Goldstatus erreecht. Nach op senge leschten Touren huet hien grouss Hale gefëllt.

Nieft der Musek huet hien och an enge sëlleche Filmer matgespillt an stoung an der Lescht souguer op der Theaterbühn.