Nei PetitiounSoll de Lycée moies 1 Stonn méi spéit ufänken?

Um Site vun der Chamber kann ee vun elo un 13 nei Petitiounen ënnerschreiwen. Bei enger geet et drëms dat de Lycée moies 1 Stonn méi spéit ufänkt.

Leschten Update: 07.12.2017, 07:11:57

© Eldoradio

Vum 6. Dezember un kann een um Internetsite vun der Chamber 13 nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dat bis de 17. Januar.

Bei der Petitioun 911 geet et zum Beispill drëms dat d‘Lycéeën am ganze Land moies eng Stonn méi spéit ufänken. Ee vun de gréisste Problemer am Ëffentlechen Transport wier dem Petitionaire no datt während der sou genannter Rushhour virun 8 Auer, net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do wieren.

Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen, wier et d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 Auer ufänken ze loossen, esou datt di meescht Schüler réischt no 8 Auer op den Ëffentlechen Transport ugewise sinn.

Fir manner Stau a fir den Traffik op eise Stroosse méi fléissend ze maache fuerdert dann eng aner Petitioun ee Stop vun de Chantieren op eise Stroosse vu Méindes bis Freides. Dat vu moies 6 bis owes 7 Auer op den Axe wou am meeschte lass ass. Hei wëll een also dat Chantiere just owes an an der Nuecht sinn.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:



Alleguerten d'Petitiounen am Iwwerbléck:

  • Egalité de droits pour les élèves des Ecoles Européennes du Luxembourg 877

  • Einführung einer Freizeitlärm - Richtlinie in Luxemburg Damit gemeint sind nicht die Sportanlagen, Gaststätten oder Kinderspielplätze, sondern Life-Musik Darbietungen, Rockmusikdarbietungen, Freilichtbühnen und ähnliches 884

  • Prise en charge du traitement ostéopathique par la CNS 885

  • Instaurer une démocratie participative au Luxembourg 892

  • Faire participer les citoyens à la répartition des budgets des différents ministères 893

  • Augmenter le remboursement de la TVA ou l'application directe du taux réduit (3%) 896

  • 10 jours de congé de paternité pour les fonctionnaires et agents de l'Etat 899

  •  Interdiction aux sans-abri de mendier en public avec des chiens 902

  • Rétablissement de l'éclairage public le long des autoroutes luxembourgeoises 903

  • Renforcer les moyens d'actions pour demander la fermeture et le démantèlement de la centrale nucléaire de Cattenom 905

  • Reconnaissance de la Famine de 1932-1933 comme un génocide du peuple ukrainien 906

  • Stop aux embouteillages 910

  • SchülerInne raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen 911