NordkoreaAusseministère hält Krich fir inevitabel

Ee Krich wier inevitabel seet ee Spriecher aus dem Ausseministère zu Pjöngjang. Et wéilt een dëst verhënneren, mä et wäert een sech awer net verstoppen.

Leschten Update: 07.12.2017, 13:36:48

© KCNA via KNS/AFP/Archiv/-

Den nordkoreaneschen Ausseministère rechent mat engem Krich op der Hallefinsel. Dat südkoreanescht-amerikanescht Militär-Manöver an d’Menace vun den USA géingen zu engem Krich féieren, heescht et vun engem Spriecher aus dem Ministère, mellt déi staatlech Noriichtenagence KCNA. Et wier just nach eng Fro vun der Zäit wéini de Krich ausbrieche wäert. D’Spannungen an der Regioun hunn sech wéinst den nordkoreanesche Rakéitentester an der läscht däitlech erhéicht.