No Trump RiedHamas rifft zu neier Intifada op

Am Noen Oste protestéieren dausende Mënsche géint d'US-Entscheedung, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen. D'Hamas wëll eng Intifada.

Leschten Update: 08.12.2017, 12:09:02

© AFP/Musa AL SHAER

No der Decisioun vum Donald Trump, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, huet déi radikal-islamesch Hamas eng nei Well vu Gewalt annoncéiert. Déi nei Intifada soll dem Leader Hanijeh an d’Häerz vum zionistesche Feind gedroe ginn. 

Den US-President Donald Trump hätt sech, obwuel ëmmer erëm gewarnt gouf, iwwert de Wëlle vun der internationaler Gemeinschaft ewechgesat a Jerusalem  zu der Haaptstad vun Israel ernannt. 

Israel no dierft Jerusalem net opgedeelt ginn a wier eleng Haaptstad vun Israel, eng Usiicht, déi international allerdéngs net sou gesi gëtt. An enger Ried huet hie jo och annoncéiert, dass déi us-amerikanesch Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem soll verluecht ginn. 

D’Palestinenser sinn dann och zënter haut de Mueren am Generalstreik.

Am UNO-Sécherheetsrot ass dës Unerkennung e Freideg dann ee Sujet an enger Drénglechkeetssëtzung.