Ofgas-ManipulatiounenVW-Manager muss 7 Joer an de Prisong

Wéinst der Vertuschung bei den Ofgas-Manipulatiounen bei Diesel-Autoen ass een däitschen VW-Manager an den USA zu 7 Joer Prisong veruerteelt ginn.

Leschten Update: 07.12.2017, 15:58:43

© AFP/Archiv/Fred DUFOUR

Een däitsche VW-Manager ass an den USA zu enger Prisongsstrof vu 7 Joer an enger Geldstrof vun 340.000 Euro veruerteelt ginn. D'Riichter zu Detroit hunn et als erwise gesinn, dass de Manager d'Ofgas-Manipulatioune bei Volkswagen eng laang Zäit vertuscht hat. Dem Manager no, deen dat ganzt zouginn huet, wosst deemno zënter Summer 2015 doriwwer Bescheed, dass d'Stickoxid-Emissioune mat enger Software no ënne manipuléiert goufen. Den Oliver Schmidt war bei VW an den USA fir Ëmwelt-Froen zoustänneg.