"Time"-Magazin#MeToo-Beweegung ass "Persoun vum Joer"

D'"Persoun vum Joer" steet fest: "Time" wierdegt d'Fraen an d'Männer déi mat der #MeToo-Beweegung sexuell Iwwergrëff an d'Gespréich bruecht hunn.

Leschten Update: 07.12.2017, 21:37:43

© AFP/Archives/BERTRAND GUAY

Den US-Magazin Time huet entscheed dat all d’Fraen an och d‘Männer déi hannert der sou genannten „Me Too“-Beweegung stinn d’Persoun respektiv d’Persoune vum Joer sinn. "Silence Breakers" nennt de Magazin all déi, déi mat hire Berichter eng breet Diskussioun iwwer sexuell Iwwergrëff lass getrueden hunn. Hir Handlungen hätten eng vun de séierste Verännerungen an eiser Kultur zënter de 60 Jore fräigesat, heescht et an der Begrënnung.