
© AFP/Sean Davey, Sean Davey
An Australien kënnen sech gläich-geschlechtlech Koppelen vum nächste Joer u bestueden. No laangen Debatten huet d’Parlament de sou genannte Mariage fir jiddereen decidéiert. An engem Referendum haten sech jo och viru kuerzem 61 Prozent vun den Australier dofir ausgeschwat. Dëse Vote war fir d’Parlament net verbindlech.