Chamber27 Infrastrukturprojete goufen ugeholl

Ëffentlech Bauprojeten déi tëscht 10 a 40 Milliounen Euro kaschten, musse jo vun der Chamber ofgeseent ginn.

Leschten Update: 07.12.2017, 21:37:51

© eldoradio

E Mëttwoch am Nomëtteg goufen an der Chamber ganzer 27 grouss Infrastrukturprojeten am Plenum ofgeseent.

Vun all dëse Projete si 6 Eisebunn-Projeten dobäi, 7 am Beräich vu Ponts et Chaussées a 14 Gebaier déi ënnert d‘ „Bâtiments Publics“ falen.

Ervirzesträiche sinn eng Rei Park&Riden, d’Verbindung tëscht der Gare an Hollerech an eng Rei Lycéeën.