Kläpperei viru SupermarchéD'Stater Police sicht no Zeien

Mëtt Oktober koum et zu engem Virfall virum "Delhaize" bei der Stater Gare. D'Police ass elo op 2 Zeien ugewisen...

Leschten Update: 08.12.2017, 12:09:04

© eldoradio

De 17. Oktober koum et géint kuerz virun 8 Auer Owes zu enger Kläpperei virum Supermarché „Delhaize“, dat bei der Stater Gare.

3 Männer waren heiranner involvéiert, woubäi ee vun hinnen engem mat enger Gasfläsch op de Kapp geschloen huet.

D’Police ass hei awer direkt dertëscht gaangen an huet d’Männer konnten um Buedem immobiliséieren. Bal 2 Méint drop gëtt elo no zwee Zeie gesicht, déi dat ganzt matkritt hunn.

Béid Männer ware vu  wäisser Hautfaarf, waren allen 2 donkel gekleet, an ee vun hinnen hat eng Kap gedroen.

Dës Zeie sollen sech bei der Police op der Stater Gare um 2442-9500 oder um 113 mellen.