Sträit ëm TramBausch geheit Wiseler "Realitéitverloscht" fir

Wéinst enger Ausso vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler koum et op de sozialen Netzwierker tëscht him an dem François Bausch zu enger Ausernanersetzung.

Leschten Update: 08.12.2017, 12:09:06

© twitter / François Bausch

E puer Deeg virun der offizieller Ouverture vum Tram koum et elo tëscht dem zoustännegen Nohaltegkeetsminister François Bausch an dem CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler zu enger Meenungsdifferenz.

An engem Wort-Interview huet de Claude Wiseler nämlech uginn, dass de Tram zu groussen Deeler der viregter Regierung ënnert der CSV ze verdanke wier, eppes dat de François Bausch esou allerdéngs net akzeptéiert.





Op Twitter huet de Minister dohier vu Realitéitsverloscht vum Claude Wiseler geschwat.

De Claude Wiseler selwer huet doropshin nach eemol betount, dass den Tram net eleng vun dëser Regierung geschafe gouf, mee dass de Projet sech iwwer e puer Legislaturperiode gezunn huet.