Etude „Luxmobil 2017“Auto ass de gréisste Problem

Wat sinn d’Gewunnechten am Stroosseverkéier vun de Leit déi duerch Lëtzebuerg fueren, respektiv hei wunnen?

Leschten Update: 08.12.2017, 12:09:11

© ELDO

Befrot goufen nieft de Lëtzebuerger nach Leit aus der Belsch, aus Däitschland an aus Frankräich. E bëssen nom Schema: "so mer wou de Schong dréckt an ech kucke wat ech maache kann". Iwwert 85.000 Persoune goufe kontaktéiert. Ronn 39.000 Leit hate geäntwert. De Grond firwat eng nei Etude an d'Weeër geleet gouf war, well de Virgängermodell MODU just op Schätzunge baséiert huet an net op tatsächlechen Zuelen. Dofir huet ee bei der Etude Luxmobil 2017 d'Leit direkt befrot.

Den Nohaltegkeetsminister François Bausch huet e Freiden déi éischt Resultater aus dëser Etude virgestallt.

Wierklech neies gouf dobäi awer net bekannt. Et gouf éischter richteg visibel wéi grouss de Problem mueres hei am Land ass. Virun allem wann een d’Stausituatioun hei am Land mat deene vu Groussstied wéi Frankfurt oder Zürech vergläiche kann.

Bei der Etude goufen Awunner wéi och Frontaliere befrot zu wéi engen Auerzäiten si op wéieen Transportmëttel an der Woch zréckgräifen.

D’Gewunnechte goufen dobäi a 4 Voleten agedeelt. Aarbecht, Fräizäit, Educatioun a professionell Deplacementer.

© Eldoradio

D’Haaptconclusioun vun der Luxmobil 2017 war scho mol, datt vu 06h00 bis 09h00 mueres d’Stroossen am meeschten ausgelaascht sinn. Dat wéinst dem klasseschen Aarbechtstrafic. Dobäi gouf och visibel, datt un sech ze vill Leit mueres mam Auto ënnerwee sinn. Bei der Aarbecht koum eraus, datt ronn 73% vun de Leit den Auto all dag benotzen. Op der 2. Plaz lant den ëffentlechen Transport mat 19%.

Zu den Problemer firwat d'Stroose mueres sou iwwerlaascht si gehéieren d’Schüler. Hei haten 39% uginn all dag mam Auto an de Schoul ze fueren. Fir de François Bausch nach ëmmer eng vill ze héich Zuel.

Hei hätt een och schonn d'Iddi gehat verschidde Schoule spéit opzemaachen. Eng Concertatioun mam Educatiounsminister Claude Meisch soll et och scho gi sinn.

Weider Verbesserungsméiglechkeete fir d'Schüler vum Auto ofzekréie wieren d'Infrastrukture verbesseren, den Transport méi attraktiv gestalten an natierlech en Ëmdenken a Saachen Auto förderen.  

Punkto Fräizäit a professionellen Deplacementer ass den Haapttransportmëttel awer nach ëmmer den Auto. Eng richteg Auswierkung op den Trafic hunn déi just während den Haaptstousszäiten, datt well d'Unzuel héich ass. D'Frequentatioun ass awer vu Mueres bis Owes quasi d'selwecht.

Den éischten Deel vun der Enquête war méi iwwerflächlech verlaf. Dem Minister Bausch no, wäert een de 17. A 19. Abrëll d'nächst Joer déi grouss Richtlinnen aus dem 2. Deel vun der Ëmfro virstellen. Am mee soll dat neit Konzept MODU 2.0 dann och presentéiert ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage