Grenziwwergräifend ElektromobilitéitOplueden am Ausland soll méi einfach ginn

Well et grad am Ausland dacks schwéier ass déi richteg Informatiounen ze fanne soll d'Netz an de Benelux-Länner besser accessibel ginn.

Leschten Update: 08.12.2017, 12:46:11

Den Donneschdeg huet de Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère Camille Gira zu den Haag mat sengen hollänneschen a flämeschen Homologen eng Deklaratioun ënnerschriwwen, déi d'Rechargéieren an d'Bezuele vun elektresche Gefierer an de Benelux-Länner soll vereinfachen.

Wéi et am deementspriechende Communiqué heescht, géife Grenzen de Moment déi elektresch Mobilitéit nach dacks bremsen. Donieft wier et fir d'Chauffere schwéier fir brauchbar Informatiounen iwwer d'Plaz, d'Disponibilitéit an de Präis wat elektresch Bornen an d'Oplueden op der anerer Säit vun der Grenz ugeet ze fannen.
Déi Bornen an déi deementspriechend Präisser si jo un déi eenzel Operateure gebonnen.

Deemno sollen ënnert anerem d'Operateuren d'Netz vun den Opluetstatiounen an de Beneluxlänner zesummefaasse fir d'Informatioune besser accessibel ze maachen. Donieft sollen dann d'Chauffere mat hirem respektive Kontrakt Zougang zu de Borne vun aneren Operateuren hunn.

Dofir huet och «Chargy», also den Operateur hei zu Lëtzebuerg eng deementspriechend Deklaratioun mat hollänneschen an Belschen Operateuren ënnerschriwwen.