Éier fir italienesch IesskulturPizza ass Unesco-Weltkulturierwen

D'Konscht vun de Pizzaioli, de Pizzabäcker vun Neapel ass elo an d'Lëscht vun de Weltkulturiewen opgeholl ginn.

Leschten Update: 08.12.2017, 12:46:09

Wéi den Unesco-Ausschoss argumentéiert huet wier dat gastronomescht Wëssen iwwer d'Pizzaproduktioun e Kulturiewen. Et wier en essentielle Bestanddeel vun der neapolitanescher Kultur an Identitéit.

Nei op der Lëscht ass ënner anerem och d'Spille vum Duddelsak an Irland, dat sougenannten „Uilleann Piping", d'Wand- a Waassermillen, zesumme mam respektiven Handwierk an d'Tounfiguren-Handwierk a Portugal.