Pro Dag17'000 Doudeger duerch knaschteg Loft

Am allgemengen hunn déi Responsabel op der Versammlung vun de vereenten Natiounen iwwer d'Ëmwelt zu Nairobi en éischter negative Bilan gezunn.

Leschten Update: 08.12.2017, 12:09:10

© Nicolas ASFOURI / AFP

2015 sinn ronn 9 Millioune Mënsche fréizäiteg un de Suitte vu Loftverschmotzung gestuerwen. Dëst ass op mannst de Bilan, deen op der 3. Sessioun vun der Versammlung vun de vereenten Natiounen iwwer d'Ëmwelt vum 4. bis de 6. Dezember 2017 zu Nairobi gezu gouf.

Bei deem wichtegsten Decisiouns-Organ wat den Environnement ugeet, wat och d'Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg dobäi.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no géifen deemno all Dag 9 vun 10 Persounen eng Loft anootmen, déi net konform mat den Direktive vun der WHO wieren. Donieft géifen och all Dag 17'000 Persounen un de Suitte vun der knaschteger Loft stierwen.

Och beim Waasser wier d'Situatioun net besser: All Dag géifen honnerte Kanner wéinst de Folge vu knaschtegem Waasser a schlechter Hygiène stierwen.