
© Pexels
E Video vu National Geographic schléit den Ament grouss Wellen am Netz.
E kanadesche Regisseur huet een auserhéngerten Äisbier an der kanadescher Arktis gefilmt. De schlëmmen Zoustand vum Déier wier direkt op de Klimawandel zeréckzeschéissen, esou de Fotograf a Biolog Paul Nicklen.
D’Opname si vun der Ëmweltschutzorganisatioun Sea Legacy gemaach ginn.
Aus dem Joresrapport vun der amerikanescher Klimautoritéit NOAA geet ervir dass 2016 dat wäermstent Joer zënter den Opzeechnungen virun 137 Joer wier.