DiddelengZuch schleeft Auto 80 Meter mat

Zu Diddeleng hat een Automobilist Gléck am Ongléck. Een Zuch huet säin Auto eng 80m matgeschleeft, de Chauffer konnt sech mat Zäite retten.

Leschten Update: 11.12.2017, 05:06:20

© Pexels

Zu Diddeleng krut e Freideg den Owend géint 23h00 een Zuch een Auto ze paken. Wéi et heescht soll den Auto beim Iwwerfuere vun de Schinnen eng technesch Pann gehat hunn. Een zweeten Automobilist soll dësem dunn hannendrop gefuer sinn wéi d'Barrièren erofgaange sinn. De Chauffer konnt sech nach mat Zäiten aus sengem Auto retten. Den Auto selwer ass eng 80 Meter matgerappt ginn.