Meteo um SonndegNeie Schnéi, staarke Wand a glat Stroossen

Meteolux huet um Sonndeg Schnéi, staarke Wand a Reen gemellt.

Leschten Update: 10.12.2017, 19:50:03

© pexels.com

Meteolux warnt dat bis de Mëtten am ganze Land 5 bis 10 cm Schnéi ka falen. Et muss een also och mat glate Stroosse rechnen.

Am Nomëtten soll och nach staarke Wand mat Wandvitesse bis zu 75 km/h dobäi kommen.

Méi spéit soll et dann ee Mix aus Schnéi a Ree ginn, dat bei Wäerter tëscht 3 a 5 Grad.

E Méindeg soll et da gréisstendeels reene bei Wäerter tëscht 5 a 7 Grad.