Fueren ënner Alkoholafloss22 Méint Fuerverbuet fir Joé Thein

De President vun „déi Konservativ“ war den 18. Oktober mat 2,15 Promill ugehale ginn.

Leschten Update: 05.01.2018, 15:10:50

© RTL Archiv

Wéi RTL mellt krut de President vun „déi Konservativ“ Joé Thein den Donneschdeg e Fuerverbuet vun 22 Méint, dëst wéinst Fueren ënner Alkoholafloss.

Just fir de Wee op d'Aarbecht dierf hien den Auto huelen.

Hien war den 18. Oktober zu Dippech ze séier a mat 2,15 Promill Alkohol am Blutt an e Verkéiersschëld gerannt.