CyclissemChris Froome positiv op Dopping getest

Dobäi huet een iwwerschratte Wäerter vum Asthma-Mëttel Salbutamol an de Prouwe konnten noweisen.

Leschten Update: 13.12.2017, 17:03:00

© LIONEL BONAVENTURE / AFP

De britesche Cyclist Chris Froome ass positiv op Dopping getest ginn. Wéi de Weltcyclisteverband UCI matgedeelt huet, huet een an de Prouwe vun dësem Joer erhéichte Wäerter vum verbuedene Mëttel Salbutamol konnten noweisen, dat bei Asthma agesat gëtt.

De Froome géif och net suspendéiert ginn, heescht et vum UCI, ma soll just eng Erklärung fir déi iwwerschratte Grenzwäerter liwweren.

De 4-fache Gewënner vun der Tour de France huet d’Prouw unerkannt an op seng Asthma-Erkrankung verwisen.