Royal WeddingDen Hochzäits-Datum steet fest!

De 19te Mee gi sech de Prënz Harry an d'Meghan Markle d'Jo-Wuert!

Leschten Update: 16.12.2017, 16:14:11

© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP

Nodeems de 27. November d’Verlobung tëschent dem brittesche Prënz an der amerikanescher Schauspillerin Meghan Markle bekannt gemaach gouf, steet elo den offiziellen Datum fest.

De  Kensington Palace huet confirméiert dass d’Koppel sech de 19. Mee an der St. George’s Kapell d’Jo-Wuert gëtt.