Fluchhafen Schiphol zu AmsterdamPolice schéisst op arméierte Mann

De Mann soll der Police no um Fluchhafen Leit mat engem Messer menacéiert hunn. D'Situatioun hätt sech an der Tëschenzäit awer berouegt.

Leschten Update: 18.12.2017, 06:12:50

© Kawijko Media / ANP / AFP

Wéi d'AFP mellt huet d'Militär-Police de Freideg am Nomëtteg um Fluchhafen Schiphol zu Amsterdam op e Mann geschoss. Deemno soll de Mann mat engem Messer arméiert gewiescht sinn an d'Leit domat menacéiert hunn. Donieft soll hien eng Fënster ageschloen hunn.





Wéi et heescht wier de Mann niddergeschoss ginn an d'Situatioun wier erëm ënner Kontroll. Méi Informatiounen iwwer d'Hannergrënn ginn et bis ewell keng.






Wéinst dem Tëschefall hätt awer missten en Deel vum Fluchhafe geraumt ginn, d'Hal gouf an der Tëschenzäit awer erëm fräiginn.