Bréck zu Hamm Aarbechten um Stroossebelag op der A1

Wéinst dréngenden Aarbechten um Stroossebelag mussen den Dënschdeg d'Pannespur an déi rechts Spur gespaart ginn.

Leschten Update: 18.12.2017, 06:12:49

© Google Maps

Wéi d'Ponts et Chaussées matdeelen sinn urgent Aarbechten un der Strooss op der Bréck zu Hamm op der A1 an Direktioun Lëtzebuerg-Gaasperech néideg, dëst den Dënschdeg den 19. Dezember.

D'Aarbechte wäerten vun 09.00 Auer bis 19.00 Auer daueren.

Während den Aarbechten ass et da verbueden iwwer déi rechts Spuer oder d'Pannespur ze fueren.