USATrump-Regierung verbitt bestëmmte Wierder...

Dat gëllt fir d'Mataarbechter vun engem amerikanesch Gesondheetsinstitut.

Leschten Update: 18.12.2017, 16:22:08

© Brendan Smialowski / AFP

D’US Regierung huet nees en neit Verbuet deklaréiert. Des Kéier geet et em bestëmmte Wierder déi Mataarbechter vum CDC kuerz fir „Centers for Disease Control and Prevention“  net méi soen dierfen.

Op der Lescht sti Wierder wéi „Transgender“, „Fötus“, „vulnerabel“ oder „wëssenschaftlech berechtegt“. Wisou d’Wierder verbuede goufen ass net gewosst.

Den CDC gehéiert zum amerikanesche Gesondheetsministère a këmmert sech d‘Empfängnisverhütung, Liewensmëttelsécherheet an de Kampf géint Kriibs an Häerzkrankheeten.

Hei déi komplett Lëscht:

  • vulnerable
  • entitlement
  • diversity
  • transgender
  • fetus
  • evidence-based
  • science-based