LibrevilleZwee Dänen bei Messerugrëff blesséiert

Den Ugräifer wollt sech fir US-Attacken op Moslemen rächen.

Leschten Update: 18.12.2017, 11:36:43

© AFP/Archiv/Justin TALLIS

Bei engem méiglecherweis islamistesch motivéiertem Messerugrëff e Samschdeg zu Libreville, der Haaptstad vu Gabun an Zentralafrika, sinn zwee Dänen blesséiert ginn. Nom Ugrëff op engem Maart goufen all d'Händler festgeholl.

De Ugräifer soll "Allahu Akbar", op lëtzebuergesch "Gott ass grouss", geruff hunn a wollt mat dësem Ugrëff d'US-Attacken op Moslemen wéi och d'Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel rächen, sou de Verdeedegungsminister Etienne Massard.

Beim presuméierten Ugräifer handelt et sech em en 53-järegen Nigerianer, dee zanter 19 Joer zu Gabun lieft. E soll als Händler Fleesch verkaaft hunn.

De Maart ass bis op Weideres zougemaach ginn.