St. PetersburgMéiglecht Attentat konnt verhënnert ginn

Duerch d'Hëllef vum CIA soll en Attentat zu St. Petersburg evitéiert gi sinn. De Putin hätt em Trump souguer ugeruff, fir Merci ze soen. 

Leschten Update: 18.12.2017, 16:22:25

Am Zentrum vu St. Petersburg ass dem Kreml no en Attentat verhënnert ginn, dëst mat Hëllef vum US-Geheimdéngscht CIA.

Dësen hätt Informatioune fräi ginn, déi en Ugrëff op d'Kathedral am Zentrum vu St. Peterburg evitéiert hunn. De russesche President Vladimir Putin hätt dann och dem US-President Donald Trump ugeruff, fir perséinlech Merci ze soen.

Géif Russland och eng Kéier esou Informatiounen fir d'USA virleien, géif een dës och weider ginn, sou déi russesch Sécherheetsautoritéiten.

Et wier awer eng Grupp vu Verdächtege festgeholl ginn. Weider Informatiounen zu den Attentäter oder konkret Motiver ginn et fir den Ament nach keng.