Hamburg (D)E Knuppert huet eng gréisser Explosioun ausgeléist

Zu Panik war et e Sonndeg den Owend op engem Quaie vun der S-Bahn komm, wéi et zu enger klenger Explosioun komm ass.

Leschten Update: 18.12.2017, 18:37:16

© wikimedia commons

E Sonndeg den Owend koum et op der S-Bahn Gare Veddel zu Hamburg zu enger Explosioun, déi ufanks deels Panik a Veronsécherung ausgeléist hat. Bei der klenger Explosioun war eng Scheif an der Géigend vum Quai futti gaangen, Mënsche goufen net blesséiert.





Wéi d’Police vun Hamburg elo matdeelt, soll e Knuppert de Grond vun der Explosioun gewiescht sinn. De presuméierten Täter soll kuerz virdrun eng Plastikstut um Quai zu Hamburg deposéiert hunn.

Déi onbekannte Persoun konnt nach net ermëttelt ginn. 5 Stonne laang huet de Quaie vun der S-Bahn misste gespaart ginn. Mëttlerweil leeft nees alles normal.