BeirutEng britesch Diplomatin gëtt dout opfonnt

D'Police préift elo op et sech bei dësem Fall eventuell ëm e Sexualverbriechen dréit. Déi jonk Fra war eréischt 30 Joer al.

Leschten Update: 18.12.2017, 17:07:42

© ANWAR AMRO / AFP

An der libanesescher Haaptstad Beirut ass der lokaler Police no eng diplomatesch Mataarbechterin vun der britescher Ambassade dout opfonnt ginn. Wéi e Porte-Parole vun der Police matdeelt, hätt een d’Läich schonn e Samschdeg fonnt.

Déi eréischt 30 Joer al Fra gouf wéi et heescht erwiescht an op der Säit vun enger Strooss leie gelooss. Wéi den „Daily Telegraph“ mellt, gouf déi jonk Diplomatin den Dag virdrun an enger Bar zu Beirut fir déi leschte Kéier gesinn.

D’Autoritéite ginn dovunner aus, dass en oder e puer Täter d’Fra um Heemwee gekidnapped an se dunn ëmbruecht hätten. D’Police préift elo en eventuell Sexualverbriechen.