AG vun der ACELPol Lutgen gëtt neie President

Nieft dem Réckbléck op ënnert anerem d'Decisioun den ëffentlechen Transport fir Studenten gratis ze maache war et och den Ausbléck op d'REEL 2018.

Leschten Update: 28.12.2017, 04:38:21

© ACEL

Den Dënschdeg hat d'ACEL, also d'Vereenegung vun de Lëtzebuerger Studente-Cerclen hir Generalversammlung op der Uni um Belval. An engem Joresréckbléck stounge kloer dat neit Stagegesetz fir 2018 an natierlech de gratis ëffentlechen Transport fir Studenten zu Lëtzebuerg am Zentrum.

© ACEL


Iwwerdeems wäert d'nächst Joer vum 20. bis den 23. September zu Bréissel d'REEL stattfannen. Motto dovun ass „Digital Aarbecht an den digitale Student“. Donieft huet sech och am Comité eppes gedoen. Neie President gëtt de Pol Lutgen, dee schonn zanter 3 Joer am Comité ass an 2017 ACEL-Vizepresident war.