Nei Petitioun"Freedefeieren solle Silvester verbuede ginn"

D'Freedefeieren op Silvester gefalen net all Mënsch. Eng Petitioun wëllt déi elo an Zukunft verbidde loossen.

Leschten Update: 03.01.2018, 13:44:45

© afp

Dat neit Joer huet eréischt grad ugefaangen, mä verschidde Leit hunn es elo scho genuch mat de Freedefeieren a Knupperten. Eng Petitioun déi elo an der Chamber deposéiert gouf, fuerdert nämlech, dass d’Vente vu Knupperten a Rakéiten an Zukunft fir Silvester verbueden gëtt. Vereenzelt Gemengen hu jo schonn decidéiert, d’Knupperten ze verbidden, fir vill anerer gehéieren d‘Freedefeieren  awer zur Traditioun. D’Petitioun muss awer  nach vun der Chamber validéiert ginn. Dono braucht si op mannst 4.500 Ënnerschrëften fir dass et zu engem Debat kënnt.

Et goufen nach nach aner nei Petitioun deposéiert- ënner anerem gëtt an engem Text gefuerdert, dass Lëtzebuerg wéi aner Groussstied ee Metro kritt.