WaasserbëllegMannerjärege Chauffeur zesumme mat sengem Papp ënnerwee

Op engem Parking zu Waasserbëlleg huet d'Police ee mannerjäregen Chauffeur erwëscht, deen zesumme mat sengem Papp am Auto ënnerwee war.

Leschten Update: 08.01.2018, 05:13:49

© eldo

Géint 20h dëse Freideg Owend krut d’Police gemellt, dass um Parking vun der Gare zu Waasserbëlleg een Auto geféierlech géing ronderëm fueren. Et huet sech eraus gestallt, dass d’Gefier vun engem Mannerjäregen gesteiert gouf, a Presenz a mam Accord vu sengem Papp.

Op Uerder vum Parquet gouf den Auto confisquéiert. Géint de Papp a géint de Fils gouf eng Plainte gemaach.