Nei mobil Agence"D'Spuerkeess fir Iech ënnerwee"

Wéi d'Spuerkeess an engem Communiqué schreift, gouf elo eng nei mobil Agence presentéiert.

Leschten Update: 11.01.2018, 15:28:56

© BCEE

Um traditionellen Neijoerschpatt huet den Direktiouncomité vun der Spuerkeess en neie Projet presentéiert. Riets geet vun enger neier mobiller Agence.

Dës mobil Agence gëtt an enger éischter Phase a Géigenden agesat, wou net esou vill Agencen ze fanne sinn. Hei ginn fir de Moment d'Gemengen Beefort, Rammerech, Veianen, Ëlwen a Wuermer befuer. De genauen Horaire wäert spéider um Internetsite vun der Spuerkeess publizéiert ginn.

Op sou enger mobiller Agence kënne Clienten ganz einfach Operatiounen duerchféieren. Fir d'Sécherheet soll och duerch eng permanent Surveillance garantéiert sinn.

Present waren de Finanzminister Pierre Gramegna wéi och Memberen vum Conseil d'administration.


Links