Déierequälerei 10 Joer keng Déieren halen an 3'000 € Strof

Den Ziichter hat am September 7 Hënn an enger Camionnette um Luxexpo-Parking an der praller Sonn stoe gelooss.

Leschten Update: 14.01.2018, 09:05:54

Wéi RTL schreift gouf de Mann, deen Ufank September während enger Hondsausstellung an der Luxexpo 7 Hënn an der praller Sonn an enger Camionnette gelooss hat zu enger Geldstrof vun 3.000 Euro veruerteelt.

LINK / Liest hei den Tëschefall nach emol no!

Donieft dierf hie fir 10 Joer keng Déieren halen, esou d'Stater Geriicht am Uerteel den Donneschdeg de Mëtteg.

D'Hënn vum 51 Joer alen Ziichter ginn donieft confisquéiert.





Eng Fra hat der Police deen Dag gemellt, dass an engem a Frankräich immatrikuléierten Auto e puer Hënn zanter e puer Stonnen an der praller Sonn um Parking vun der Luxexpo géife sëtzen.

Wéi si dat dem Chauffer vum concernéierte Won matgedeelt hat, hat dee probéiert fortzefueren an d'Fra ze iwwerrennen.

Am Auto goufen du 7 Hënn ouni Waasser an Iessen entdeckt