ËmweltverschmotzungKnaschtegt Ofwaasser leeft an d'Sir

En Donneschdeg de Mëtteg huet d'Waasserwirtschaftsamt e gréissere Fall vu Waasserverschmotzung an der Sir zu Bierg konnte feststellen. D'Ermëttlunge lafen.

Leschten Update: 14.01.2018, 09:05:52

© Police

E gréissere Fall vun Ëmweltverschmotzung deelt d‘Waasserwirtschaftsamt e Freideg de Moien an engem Communiqué mat.

© Police


Zënter scho méi laangem leeft zu Bierg bei Betzder eng grouss Quantitéit un Silo- a Kanalofwaasser an d’Syr, allerdéngs gouf de Fall eréischt en Donneschdeg de Mëtteg vun den Autoritéiten an Uecht geholl. Op Uerder vum Parquet goufen elo Waasserprouwe geholl.

© Police


D’Ermëttlunge lafe fir den Ament nach, dat well am Laf vun den Enquêtë weider Plaze fonnt goufen, wou Knascht an de Floss leeft.

© Police

© Police

© Police