Esch-LallengNeie Cactus soll Enn 2021 fäerdeg sinn

Nom Escher Gemengeconseil goufen e Freideg eng Partie Infoen am Kader vum Bau vum neie Cactus bekannt...

Leschten Update: 14.01.2018, 09:06:09

© Eldoradio

Fir Enn 2021 soll deen neie Cactus zu Esch-Lalleng fäerdeg sinn, dat huet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo an der Sëtzung vum Gemengeconseil haut bekannt ginn.

Am ganze wäert den Akafszenter zu Lalleng ronn 7500 Quadratmeter grouss ginn a Plaz hunn fir ëm déi 24 Geschäfter.

Domatte wäert den Zenter awer e Stéck méi kleng ausfalen, wéi dat ufanks geplangt war.