RyanairPraktesch keen Handgepäck méi erlaabt

Vun e Méindeg un gëlle bei Ryanair nei Reegelunge wat d'Gepäck betrëfft. U Bord dierf een ausser eng kleng Posch näischt méi mathuelen.

Leschten Update: 14.01.2018, 09:34:30

© Paul FAITH / AFP

Passagéier huelen ze vill Handgepäck mat u Bord, e Problem, deen et bei Ryanair wéi et schéngt scho méi laang gëtt. Elo huet déi iresch Fluchgesellschaft dann d’Konditioune geännert, sou dass een eng Partie Saache vun e Méindeg un muss respektéieren, fir net iert de Fluch lass geet, schonn eng béis Iwwerraschung kritt.

Gréisser Rull-Wallissen oder Rucksäck dierfe vun e Méindeg 15. Januar un net méi mat u Bord geholl ginn, mee solle prinzipiell an de Frachtraum vum Fliiger ënnerbruecht ginn. Ausnam bleiwe Clienten déi mat Priority Boarding an de Fliger klammen. Keng Angscht, dat ganzt wäert déi normal Clienten awer näischt méi kaschten. U Bord selwer dierfen nëmmen nach klengt Gepäck mat, déi ënnert 35x20x20 Zentimeter grouss sinn. Zum Beispill konventionell Posche falen ënnert dës Gréisst.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!

Grond heivir ass, dass ze vill Leit e grousst an e klengt Gepäckstéck mat u Bord huelen, dat dozou féiert, dass dacks net genuch Plaz ass, an dowéinst Flich Verspéidung kréien, well muss ëmdisponéiert ginn.  Schonn elo ass et esou, dass wann d’Personal virum Fluch gréisser Rullwallissen an den Transportraum vum Fliger bréngt.

Iwwregens wollt Ryanair dës Reegelung schonn am November ëmsetzen, allerdéngs hätt een dëst virun allem wéinst de Chrëschtdagszäit, wou vill Passagéier am Stress sinn si gelooss.

Positiv ass awer, dass Ryanair d’Maximalgewiicht vu Gepäck dat een ofgëtt an d’Luucht gesat huet, dofir ass dat ganzt awer méi bëlleg ginn. Elo dierf engem seng Wallis 20 amplaz nëmme 15 Kilo weien. D’Käschte leien dann am Normalfall bei 25 an net méi 35€. Esou soll scho virum Gate d’Unzuel u Persoune mat 2 Gepäckstécker reduzéiert ginn.